Commune Mondercange

Personalfeier 2027

11 11 people viewed this event.
Free
Event starts in
Days
Hrs
Min
Sec

AN D’ROLL, FÄERDEG … ACTION!

Dëst Joer tausche mir d’Sportshal géint de Casino 2000 zu Munneref – an den Aarbechtsalldag géint d’Welt vum Film!

De Schäfferot invitéiert Iech häerzlech op d’Personalfeier vun der Gemeng Monnerech:

FREIDEG, DEN 22. JANUAR 2027
VUN 19 AUER UN
CASINO 2000 ZU MUNNEREF

Egal ob Dir am Alldag éischter hannert de Kulisse schafft oder matzen am Gescheie stitt: Dësen Owend gehéiert Iech! Kommt mat Äre Kolleeginnen a Kolleegen zesummen, loosst d’Aarbecht fir e puer Stonnen hannert Iech a genéisst eng flott Feier a gudder Gesellschaft.

DRESSCODE: WÉI ENG ROLL SPILLT DIR?

Geheimagent, Filmdiva, Superheld oder Kultfigur? Schlüpft an d’Roll vun engem Filmpersonnage a bréngt e Stéck Kino mat op eis Feier. Och legendär Duoen si wëllkomm – sicht Iech e Binôme a maacht zesummen Ären Optrëtt!

D’Sportshal gëtt renovéiert, mee eng gutt Geschicht brauch och emol en neien Dekor. Mir freeën eis, dëst neit Kapitel mat Iech ze feieren!

MAT DER NAVETTE OP D’FEIER

Loosst den Auto stoen a profitéiert vun eiser Navette:

Départ um Parking Arthur Thinnes zu Monnerech:
18.30 an 19.00 Auer

Retour vum Casino 2000:
00.00 / 01.00 / 02.00 Auer

UMELDUNG BIS DEN 18. DEZEMBER 2026
Fir bei der Feier dobäi ze sinn, ass eng Umeldung fir d’Feier an d’Navette obligatoresch. Eng Nomeldung oder eng spontan Participatioun sinn net méiglech!

NO DER LESCHTER ZEEN DIREKT AN D’BETT?

Dir kënnt en Hotelszëmmer am Casino 2000 buchen. Fir méi Informatioune kontaktéiert de Service Relations publiques: redaction@mondercange.lu.

D’Disponibilitéit ass limitéiert – waart dofir net ze laang!

Mir freeën eis op Är Filmfiguren, Är gutt Laun an e flotten Owend mat Iech!

Mat filmräife Gréiss
De Schäfferot

Ticket Information

Ech sin dobei
Free
 

Date And Time

22.01.2027 @ 19:00
 

Event Category

Share With Friends